Ale Jong
Wat brauchs de
méi
Ale Jong
fir net eleng ze sinn
Een
Ament
engem Kand an d’Ae kucken
d’Iris gréngelzegblo
an derhannert de Schellem
Engem
Meedche vläicht
vläicht enger léiwer Fra
douce
iwwert d’Bake fueren
de grâce
iwwert d’Lëpsen
pêches pulpeuses
a spieren
duerch d’Fangerspëtze spieren
bis an d’Gehier
e klinzegt Gléck
an du frees dech
wi fréier
2008