Klenge Jong
Wéini fachs de däin Dapp iwwert d’Strooss
a wéini d’Giisch
Wann e rappt den Draach
da looss hie roueg fléien
Kräisch kengem Balleg no
muer kriss d’en neien
Weis dengem Papp den Hielänner um Wee
den Huer ganz héich douewen
an drënner
zackeg
d’Schmuebelen
Fläiss dech Jong
ier et décke Wanter gëtt
1991