Spinner
15. März. ´t reent riichteran. Mir stinn am Bushäischen. Mir waarden op de 4. E jonge Mënsch laatscht queesch iwwert d´Strooss. Näischt um Kapp. Säi Baart drëpst. Lénks am Grapp huet hien eng plastiks Posch. Riets eng Aangel: e Spinner. Aus der plastiks Posch luusst nach e Spinner. Mir réckelen zesummen. De jonge Mënsch bleift awer dobaussen. Hie kuckt op d´Auer. Hie geet dräi Schrëtt no lénks. Dréit a kënnt nees zréck. Hie kuckt op d´Auer. Ech kucken och drop. De 4 huet Verspéitung. De jonge Mënsch geet dräi Schrëtt no lénks. Dréit a kënnt zréck. Hie kuckt op d´Auer. Dat heescht, hie kuckt n e t op d´Auer. Hien hält se vrun d´Nues a reift se duerch säi schwaarze Vollbaart. Mä dat fällt mer eréischt op di drëtte Kéier. Nodeems hien dréit an nees zréck kënnt. Fir drëtt. Seng Nues drëpst a säi Baart. Säi Brëll ass ugelaf. Hie geet dräi Schrëtt no lénks. Dréit a kënnt zréck. Hieft den Aarm fir op d´Auer ze kucken. A Wierklechkeet kuckt hie jo awer net drop. Vläicht well säi Brëll ugelaf ass. Vläicht well et hie bäisst, reift hien d´Auer duerch de Baart. Allkéiers wann hien den Aarm hieft fir souzeson op d´Auer ze kucken, awer a Wierklechkeet sech kraazt well et hie bäisst oder wat?, geet dee lénkse Spinner mat an d´Luucht. Dee rietsen hänkt verdrësslech an der Posch. Vläicht wéinst dem Spinner stellt hie sech net ënnerdaach. Well am Bushäische wier keng Plaz fir e Spinner, deen ëmmer d´Luucht aus wéitscht. Elo kënnt de 4. Vru mer klëmmt de jonge Mënsch eran. Säi lénkse Schung huet keng Kap. Dach: hien huet se niddergetrëppelt. Seng plakeg Feescht ass bloelzegrout. Seng Spinnere spären. Wëllen d´éischt net richteg duerch d´Dier. Ech zéie mech. Op een Hoer wiere se mir an d´Gesiicht geflätscht. Elo awer wéitschen se him no. Hie setzt sech nieft eng eeler Fra. Ech op d´Bänk hannendrun. Hie kuckt op d´Auer. D´Auer kraazt duerch de Baart. Dee rietse Spinner hänkt iwwert de Gank. Wi wann am Gank eppes ze fësche wier. D´Fra bekuckt de jonge Mënsch. Verstuel. Vun der Säit. Kuckt dann duerch d´Fënster. An der Fënster gesinn ech hiert d´Spigelbild: et schmunzt. Op der Gare klamme mer eraus. De jonge Mënsch laatscht queesch iwwert d'Strooss. Duerch Rout. D'Autoen tuten. Quiitschen. D'Spinnere wéitschen. Ech ginn an d'Post mäi Päckelche sichen. Déisäit laatscht de jonge Mënsch an d'Gare eran. ´t reent nach ëmmer. Riichteran. Ech hu fir zing Minutten. Kréien de 4 nach just ze paken. Fir hannescht op de Bierg. Hanneru mer käicht een: de jonge Mënsch mat de Spinner. Plätschnaass. " Gëtt et dann haut eng Friture, Armand? ", freet de Chauffeur luusseg. "Spënns de? ", seet den Armand.